Di Jonk ginn aktiv matabezunn an d'Raumgestaltung an d'Raumnotzung.
Et gi mat Material "visuell Buffeten" den Jonken präsentéiert sou dass Sie méi motivéiert an ugereegt gi zesummen aktiv ze sin.
Am -1 hunn mir en Tob-Kellerraum fir encadréiert Aggressiounen an Frustratiounen erauszeloossen.
Ob der éischter Etage no der Entréesdier rietser Hand hunn mer e Gemeinschaftsraum mat enger Televisioun, enger Playstation, engem Gaming-PC an engem Kicker. Lenker Hand hun mer eng Kichen mat klenger Stuff an Wii. An beide Raim fennt in Gesellschaftsspiller. Am Gank deen dei zwee Raim verbënnt fennt in e Ping Pongs Dësch, e Frigo mat Gedrénks en Informatiounseck an och d'Toiletten.
Ob der 2ter Etage ass en 16+ Raum mat enger Batterie, Gittar, enger Stuff an Computeren. Wann dëssen Raum net benotzt gëtt huet en d'Funktioun vun engem Hobby-Raum an deem och gemolt an gedanzt gëtt.
Och den Educateuren hire Büro ass ob där Etage ze fannen. An dësen kënnen méi vertraulech Saachen beschwat gi an sech awer och emol zeréck gezunn gi wann in seng Rou fannen muss.